Startup Corner
„Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren. Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op podcast@host.lu. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei.
Startup Corner
Startup Corner - Philippe Osch - HITEC Luxembourg S.A.
•
House of Startups Luxembourg
•
Season 1
•
Episode 4
Wëllt dir wësse wéi eng Entreprise hei am Land gläichzäiteg mat der Formel 1 a mat Tesla schafft, mee och Mënscheliewe rett? Mat enger Kombinatioun aus Innovatioun an Ingenieursgeescht, huet sech d’Firma HITEC Luxembourg S.A. een Numm gemaach. Mat grousser Begeeschterung, begréisst de Philippe Linster hire Senior Partner a CTO, de Philippe Osch, an dëser Episod vum Startup Corner.